Den 3. Oktober 2025 war ee besonneschen Dag fir eist Land an an engems och fir d'Kantin.
Am Kader vun de Festivitéiten zum Trounwiessel gouf nämlech, op Initiativ vum groussherzoglechen Haff, decidéiert, déi trei Clienten och e bëssen a festlech Stëmmung ze bréngen ë.a. mat engem feierlechen Trounwiessel-Menü.
Inspiréiert vum groussherzogleche Galadinner am Palais goufen, am festlech dekoréierte Sall, nieft Saumon-Carpaccio, eng Kallefsbrëschtche mat Champignonszooss zerwéiert an als Dessert e Mango-Bavarois-Royal proposéiert.
Ganz grouss gekuckt hunn d'Kantinesclienten, wou si vun der wuel bekanntster Lëtzebuerger Stärekäche Léa Linster eng vun hire berüümte, nach wotleche, Madeleinë perséinlech iwwerreecht kruten. D'Léa Linster, déi als "Marraine" vum Trounwiessel un där Aktioun associéiert war, hat drop bestanen all Gaascht esou eng Madeleine ze schenken.
Kiischt um Kuch: Obschonns keng besonnesch Annonce fir deen Dag gemaach gouf, war et e grousse Succès, wat een dann och an den zefriddene Gesiichter vun de Gäscht konnt erkennen.
Dem groussherzoglechen Haff an dem Léa Linster sief dann hei och nach eemol Merci gesot fir déi flott a ganz wëllkomm Initiativ.