Visitt vum Minister fir den Ëffentlechen Déngscht an der Kantin
Viru 40 Joer huet d‘Regierung d’CGFP gefrot, fir dobäi ze hëllefen eng Kantin z‘exploitéieren, wou dat staatlecht Personal mëttes kéint iessen. Am Gebai vun der fréierer Sainte Sophie, direkt nieft der Kathedral, ass dunn déi richteg Plaz fonnt ginn, déi den 2. Mee 1984 offiziell vum Premier Pierre Werner, souwéi de Ministere René Konen a Colette Flesch ageweit gouf. D’CGFP war ënner anerem duerch hire Grënner a Generalsekretär Jos Daleiden prett fir sech op déi nei Aufgab anzeloossen.


Déi Partnerschaft tëscht dem Staat, deen een Deel vum Financement assuréiert, an der CGFP (haut CGFP-Services), déi sech ëm d’Gerance këmmert, funktionéiert zanterhier zu grousser Zefriddenheet, wéi sech dat mat méi wéi 400 Clienten pro Dag einfach beleeë léisst. An der Moyenne ginn haut ëm 10.000 Platen pro Mount eraus, woubäi déi beléiftste Platen d‘Paschtéitchen, de Cordon bleu an d‘Escalope milanaise sinn. Interessant ass nach, dass iwwert déi leschte Joren ëmmer méi vum „take out“ Gebrauch gemaach gëtt.
Fir déi laang a gutt Zesummenaarbecht ze feieren, awer och fir sech déi lescht Evolutioune vun der Staatskantin erklären ze loossen, huet sech de Minister fir den Ëffentlechen Déngscht, Serge Wilmes, d‘Raimlechkeeten ugekuckt. Begleed vum Vizepresident an Tresorier vu CGFP-Services, Georges Muller, huet de Minister am Kader vun där Visitt, déi viru kuerzem deelweis moderniséiert Infrastrukturen am Detail vun der Direktesch vun der Kantin, Nadine Wilwo, erkläert kritt. Och huet et sech de Minister net huele gelooss, iwwert déi alldeeglech berufflech Erausfuerderungen vun der kollektiver Gastronomie z’ënnerhalen, déi och dat gréisstendeels laangjäregt Personal vun der Kantin betreffen.
Dës Visitt gouf mat enger gemeinsamer Foto festgehalen ‒ eng schéin Erënnerung un d’40 Joër Bestoen vun der Staatskantin.
